Myriam CortvrintE Lëtzebuerger an der „Maison qui rend fou“

Lieserbréif vum Myriam Cortvrint
… oder: wéi eis Administratioune schaffen
© RTL Grafik

Et war emol e Schüler deen säi Leidenswee duerch de lëtzebuerger Schoulsystem gemaach huet, aus dem Primaire an de Modulaire orientéiert gouf, duerno an de Pratique koum, fir et dann an den Technique ze packen. Leider hat säi Wee en Enn op 3e, zwar hätt hien nach kéinten eng Ausbildung maachen (deels Aarbecht, deels Schoul), mee en huet et net matzäite geschafft e Patron ze fannen an huet missen ofbriechen.

Him gouf du nogeluecht sech bei der ADEM als Demandeur d´emploi anzeschreiwen. En ass do all Mount pünktlech virstelleg ginn an huet Course matgemaach déi si em proposéiert hunn. Op déi Ennerstëtzung war hien ugewisen, well e sech schwéier gedoen huet alleng eng Schaff ze fannen. Op all seng Candidature goufen et nëmmen Ofsoen, wann iwwerhaapt eng Äntwert koum. Mee d´ADEM géif hëllfen, do war hien sech sécher.

Du koum d´Vakanzenzäit, mir schreiwen Enn Juni. Seng Kontaktpersoun op der ADEM war am Congé, mee si hunn eisem Schüler schrëftlech den nächste Rendez-vous confirméiert deen da sollt per Telefon sinn. Den Dag koum, mee keen Uruff. Also huet en sech bei der ADEM gemellt a nogefrot, et war awer keen do deen em weiderhëllefe konnt. Duerfier ass awer den Dag duerno e Recommandé ukomm, säin Dossier wier zougemaach ginn, well hie säi Rendez-vous net agehalen hätt. Hie war schockéiert.

Uspriechpartner ab elo war d´Commission Spéciale de Réexamen (CSR). De Conseil géif Enn August eng Décisioun a sengem Dossier huelen. De Schüler huet gewaart. Mëtt September huet end´Kommissioun ugeschriwwe fir nozefroë wou säin Dossier dru wir. Äntwert (sënngeméiss): et dauert nach. Op säin 2. Mail am Oktober, krut en telefonesch geäntwert, si hätte vill Aarbecht, e misst nach Gedold hunn.

Den nächste Recommandé koum den 23. Dezember (Ziedel an der Boîte, obwuel een doheem war). D´Kommissioun huet him e ganz korrekte Rapport gemaach an ass zur Konklusioun komm, datt hien net op den Telefon gaang ass an dofir fir si den Dossier klasséiert wier. Recours kéint hien iwwert de Conseil Arbitral de la Sécurité Sociale innerhalb vu 40 Deeg huelen.

Hie war frustréiert a komlett iwwerfuerdert. Mat Hëllef vun der Famill, déi em déi franséisch Courrieren iwwersat huet, huet hien e Recommandé un de CASS geschéckt, souwéi eng Email un den Ombudsman. D´Äntwerte koume relativ séier: Vum Ombudsman en Accusé de Réception mam Hiweis, wann en an engem Mount näischt héiern hätt, soll en sech nach eng Kéier mellen. Eng Woch duerno déi vum CASS. Si hunn en Dossier opgemaach an iergendwann géif en Débat Oral fixéiert ginn. Op Nofro hunn si direkt awer direkt zeruff an erklärt watbeim Débat genee passéiert.

Am Résumé bleift nach drop hinzeweisen, datt de Schüler keng finanziell Leeschtunge kritt huet (en hat och keng zegutt), well en zwar wuel Stage gemaach huet, mee ni eng Pai hat. Servicer wéi SePAS, CePAS, BiZ, Maison de l´Orientation, SNJ, RTL Jobdag hat hiescho genotzt. Fir weiderer wéi ENAD oder CIE muss e bei der ADEM ageschriwwe sinn. Do bäisst sech d´Kaz dann an de Schwanz.

Zum Schluss – keng gutt Geschicht ouni Happy End – koum de Retour vum Ombudsman, si ware perséinlech bei der ADEM an déi hunn d´Décisioun zréckgezunn, well si kee Beweis fonnt hunn, datt si den Dag vum Rendez-vous ugeruff hunn. De selwechten Dag nach gouf en neien Termin vun der ADEM fixéiert. D´Freed an Erliichterung ware grouss bei eisem Schüler. An en huet sech gefillt wéi am „ Les Douze Travaux d’Astérix“, deen um Enn och séng Aufgab geléist krut.

D´Fro bleift: Wéi soll sech e jonke Mënsch, deen nach net am Aarbechtsliewen ukomm ass, alleng an där ganzer Bürokratie erëmfannen? Op jiddefall e grousse Merci un all Persoun déi sech dofir agesat huet des Situatioun ze léisen.

Back to Top
CIM LOGO