
D’CSV mat hirem CEO an hirer Sozial Ministesch hunn dat fault Gesetz ëmgesat zesumme mat DP an aneren.
Sinn hei all Donnéeën kontrolléiert ginn a wei weit stëmmen dem Statec seng Zuelen?
D’Leit gi méi al?
Wann ech Doudesannoncen an der Zeitung kucke stëmmt dat guer net! Ëmmer méi Leit an déi 60, ufanks 70 a nach méi Jonk , an déi 50 stierwen trotz gudder medezinescher Versuergung.
Ëmmer méi Aarbechtsplazen?
Wann ech mech net ieren, bezuelen KI an elektronesch Keesen, autonom Autoen a Busser net an d’Pensiounskeess an, an och net an d’Krankekeess an, bezuelen och keng Steieren?
Ech fäerten da gëtt et esou lues enk fir Pensiounen a Krankekeess!
Aarbechtslosegkeet?
Wien bezilt dann all déi Aarbechtsloos déi bis elo a Keesen, Traductioun’s Firmen, an anerer geschafft hunn?
Wien bezilt dann all déi Buschaufferen, Taxischaufferen déi duerch autonoomt fueren ersat ginn?
Wat maachen all déi Leit, wa keng Aarbecht méi do ass?
Aarbechtsmarché
Entreprisen, UEL asw déi wäerten sech freeën. Vill Aarbechtskräften a keng Aarbechtsplazen, bëlleg Aarbechtskraaft!
Pensiounen – Krankekeesen – Chômage – Steieren
Wien bezilt dann an d’Pensioun an, an d’Krankekeess an?
Wien bezilt Steieren?
Mat wat bezilt de Staat de Chômage?
Wat maachen déi Leit all, eis Jugend an Eeler dee ganzen Dag?
Eng flott Zukunft fir eis Jugend!
Ech si frou esou al ze sinn, dass a menger Jugend Politiker mat Ausbléck do waren a keen CEO dee geliwwert huet! Wat geliwwert huet?