René GrüneisenSimplification administrative, fir wien?

Lieserbréif vum René Gruneisen
© RTL Grafik

Wann eng Verwaltung intern sech d’Aarbecht erliichtert, dann hofft een net nëmmen eng Besserung fir d’Personal, mä als Bierger wëll een och dervu profitéieren.

Sou ass eis Steierverwaltung z.B. net dee ganze Wee an hiren Iwwerleeungen bis zum Enn gaangen; huet awer ganz offensichtlech ee Choix getraff, deen et sou d’lescht Joer nach net ginn ass. Iwwer myguichet d’Steiererklärung flott ausgefëllt, wéi soss virdrun, an elo bemol kann se net méi elektronesch weidergeleet ginn, well een dozou eng extra Software brauch.

D’Erklärung ausfëllen a se ofspäichere geet flott. Si steet da mol ausgefëllt op myguichet. De Versuch vum “Transmettre"- d‘Fortschécken also un d’Steierverwaltung - gëtt allerdéngs blockéiert. Wann een nëmme mat Linux schafft, da gëtt ee vu myguichet, awer och um Site vun der Verwaltung selwer, ofgestrooft, déi „Simplificatioun“ gëtt dann onméiglech gemaach. Fir Linux - nieft Mac a Windows -, gëtt et déi speziell Software net; obscho genuch änlech Programmer déi selwecht Aarbecht mat Linux erleedegen, an dem bekannte pdf-Format.

Aner Leit hate bestëmmt och dee Problem, wou si allerdéngs dee gefrote Programm fir näischt eroflueden a wärend 7 Deeg testen däerfen. Just duerfir ginn dann Date gefrot, ë. a. no engem Bezuelungsmëttel mat der Kontosnummer. Ouni déi Donnéeën leeft och do näischt. Well, no deene 7 Deeg gëtt automatesch ofgebucht, wann net virdrun sech „ofgemellt“. An dat fir e Programm dee mol keng Stonn gebraucht gëtt, a jo gratis fir dee Moment soll sinn. Wat geet déi Firma engem seng Kontosnummer un, wann ee schonn am Viraus weess, déi Software gëtt fir soss néierens gebraucht? A wien vergësst net sech direkt ofzemellen, well jo 7 Deeg „gratis“ iwwreg bleiwen?

Dat ass net korrekt, och net wéi d’Verwaltungen sech do uleeën. D’Verwaltungen si fir eis all do – an haut ass Linux längst keen Exot a keng Anekdot méi. Sou datt dann 20 Säite Pabeier (!) nees vun der Verwaltung heemgeschéckt ginn, wou dann de Bréifdréier d’Steiererklärung ausgefëllt nees mat hëlt. Wéi dat virun der angeblech sougenannter ‚Administrativer Vereinfachung‘ allgemeng üblech war.

Sou Methoden an Approchen hannerloossen e battere Nogeschmaach. An hei, a wiem sengem speziellen Interessi gi wuel esou partikular Decisioune vu Verwaltunge getraff? A wien hëlt esou Decisiounen, a wiem sengem Numm? Dobäi ass jo nach d’lescht Joer alles korrekt a propper ofgelaf.

Back to Top
CIM LOGO