Bob Kohnen"Vu Feldweeër an Nationalen …

Lieserbréif vum Bob Kohnen
© RTL Grafik

Et ass schonn eng beandrockend Leeschtung: Mir liewen an engem vun de räichste Länner vun der Welt, mee soubal een op d’N11 fiert, fillt ee sech wéi op enger historescher Expeditioun duerch d’Hannerland vun engem Entwécklungsland. D’Kraterlandschaft ass mëttlerweil esou variéiert, datt ee sech freet, ob d’Stroossebauverwaltung hei heemlech e Geologie-Musée ënner fräiem Himmel opgemaach huet.

D’Streck vum Waldhaff bis op d’Schanz schéngt et eiser Ponts & Chaussées besonnesch ugedoen ze hunn. Grolënster selwer schéngt d’Kréinung vun där Leeschtung ze sinn! Wéi laang däerfen se dann nach piddelen, ier mol ee muss zur Rechenschaft gezu ginn?

Besonnesch charmant ass d’Technik vum sporadesche Flécken: Amplaz d’Strooss anstänneg an d’Rei ze setzen, schéngt een op de Prinzip „Hoffnung“ ze setzen. D’Resultater halen am beschte Fall vun zwielef bis mëttes, wat de rustikale Charme vun der Streck just nach ënnersträicht. All Feldwee dem Hond hannen bitt mëttlerweil méi Komfort wéi dës offiziell Haaptverkéiersoder.

Vum Wanterdengscht kann et allerdéngs net kommen, well deen ass, wéi sou dacks hei am Land inexistent, a wann, dann héichgradeg inefficace!
Vläicht ass dat Ganzt awer och e geniale Plang, fir d’Staatskeess ze schounen: Wann d’Achse vun de Pendler eréischt emol all gebrach sinn, fuere manner Autoen – an de Problem vum Trafic léist sech vu selwer. Brillant!

Et ass eng Schan, datt sech hei kee verantwortlech fillt. Mee bon, soulaang mir eis „Nation Branding“ a Pavillone leeschte kënnen, brauche mir jo keng Stroossen, op deenen ee fuere kann.”

Back to Top
CIM LOGO