Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?

© AFP (Archiv)
Serie op RTL: Den Tim Morizet geet mat Iech all Méinden op d'Déngschtleeschtunge vun der CNS an.
Nodeems mer d'lescht Woch am Detail op de Brëll agaange sinn, kucken mer dës Woch am Kader vun eiser Serie iwwert d'Gesondheetskeess no den Kontaktlënsen. Dacks fillt de Brëll sech jo net komfortabel un, ass ze schwéier, oder stéiert. Kontaktlënsen sinn hei eng intressant Optioun. Ma wat kritt een als Assuré rembourséiert wann ee wëll wiesselen? A wat geschitt wann ech d'Lënsen oder de Brëll iwwert den Internet wëll bestellen?
Et ginn zwee verschidde Remboursemente fir Kontaktlënsen. A wann een d'Konditiounen all erfëllt, kritt een déi och integral zeréckbezuelt. Et gëllt awer hei, genau ewéi bei den Zänn, de Keesentarif.
Ma wat sinn d'Konditiounen?
Et muss een entweder eng Wäitsiichtegkeet oder eng Kuerzsiichtegkeet vun op d'mannst 8 Dioptrien hunn oder et muss ee vun enger Pathologie betraff sinn, déi d'Droe vun engem Brëll net erlaabt. Do gëtt et eng Oplëschtung vun deene Pathologien an de Statute vun der CNS, mä och hei muss eng Ordonnance vum Dokter virleien, déi all déi Konditiounen zertifiéiert an d'Lënsen däerfen och net am Delai sinn. Bei de Lënsen ass dee vu 4 Joer.
Wann een déi Konditiounen net erfëllt an awer Kontaktlënsen amplaz vun engem Brëll wëll droen, kritt een awer nach e Forfait erëmbezuelt. Dee Forfait besteet aus engem Remboursement, dee fir e Brëll mat der nämmlechter Stäerkt virgesinn ass.
Hei muss een awer gutt oppassen. Op der Rechnung vun de Kontaktlënse muss onbedéngt d'Stäerkt vum Brëll dropstoen, soss kritt een näischt vun der Gesondheetskeess erëm.
Wann ee seng Kontaktlënsen oder säi Brëll iwwer den Internet bestellt, muss een oppassen, datt wann et e Lëtzebuerger Optiker ass, deen och en Accord mat der CNS huet. Wa jo, dann iwwerhëlt d'CNS d'Rechnung och.
Et kann ee säi Produit och am Ausland bestellen an d'Rechnung aschécken. Hei gëtt awer kontrolléiert, ob et sech och ëm e richtegen Optiker handelt.
Ma et soll een awer virsiichteg sinn, e Site kann zwar mat ".de" ophalen, ma wann de Produit awer a Wierklechkeet zum Beispill vun Hong-Kong kënnt, kritt een näischt erëm.
Am CNS-System gëllt dat als 3. Land, an hei ginn nëmmen Urgencen iwwerholl. Also keng Kontaktlënsen oder de Brëll.
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?