Wat huet ee beim Brëll ze gutt?

© AFP (Archiv)
Serie op RTL: Den Tim Morizet geet mat Iech all Méinden op d'Déngschtleeschtunge vun der CNS an.
D'Gesondheetskeess iwwerhëlt am Kader vun den "Prestations en nature" och den Brëll. Dëst ass näischt Aussergewéinleches an awer stëllt sech d'Fro, op wat een dann elo genee e Recht huet an op wat net.
Den Tim Morizet verschaaft den Iwwerbléck.
D'Gesondheetskeess iwwerhëlt d'Standard-Glieser beim Brëll. Fir déi brauch een och keng Ordonnance vun engem Aendokter. Ausser et ass een méi jonk ewéi 14 Joer - da brauch een ëmmer eng.
Ma wat sinn dës Standard-Glieser? Dat sinn déi einfach mineralesch Glieser, dat heescht déi Glieser, déi briechen, wa se op de Buedem falen.
All déi aner Supplemente wéi d'Entspigelung, Glieser aus Plastik oder getéinte Glieser ginn entweder guer net iwwerholl oder nëmmen ënner verschidde Konditiounen, esou de Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS.
Déi éischt Konditioun fir iwwerhaapt en Remboursement fir e Brëll ze kréien, besteet doranner, datt de Brëll net am Delai ass. Dat heescht et dierf ee sech net zwee mol de selwechte Brëll bannent dräi Joer kafen, soss kënnt d'CNS net dofir op. D'Exceptioun ass bei Kanner ënner 14 Joer, déi hu keen Delai.
Huet sech awer elo d'Stäerkt vun den neie Glieser ëm op d'mannst 0,5 Dioptrië changéiert, da verfält den alen Delai.
Ma et ginn awer nach weider Konditiounen. Organesch Glieser, dat heescht déi, déi net briechen, kritt een erëm, wann een op engem A eng Stäerkt vun op d'mannst 6 Dioptrien huet, mä dat muss vun engem eAndokter mat enger Ordonnance zertifiéiert ginn.
D'Kanner ënner 14 Joer kréien ëmmer déi organesch Glieser erëm, mä och hei muss eng Ordonnance virleien.
Getéinte Glieser kritt ee bei verschidde Pathologien erëm, wéi eng chronesch "Bindehautentzündung" oder Albinismus.
Mä och hei muss déi Pathologie duerch eng Ordonnance vum Aendokter zertifiéiert sinn.
Multifocal-Glieser (Gleitsichtgläser) kritt een och rembourséiert, wann den Ënnerscheed tëscht der Nosiicht an der Wäitsiicht bei op d'mannst 2.5 Dioptrië läit.
Brëllegesteller ginn och zu engem forfaitäre Präis vun 30 Euro iwwerholl, mä wéi gesot, de Brëll dierf net am Delai leien.
All Optiker ass duerch d'Konventioun, déi e mat der CNS huet dru gehalen, fir op d'mannst 4 Hären- a 4 Damme-Gesteller stänneg op Stock ze hunn, déi net méi wéi 30 Euro kaschten.
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Den nächste Méindeg geet et weider mat de Kontaktlënsen.