Alkohol um Steier1.000 Euro a Fuerverbuet vun 28 Méint fir Steve Schleck

RTL Lëtzebuerg
Eng Geldstrof vun 1.000 € an e Fuerverbuet vun 28 Méint, 24 dovu mat Sursis: dozou gouf de Steve Schleck en Dënschdeg um Stater Geriicht veruerteelt.

Wéinst Fueren ënner Alkoholafloss krut hien de Prozess gemaach. Am Oktober war den 2. Schäffe vu Munneref mat 2,74 Promill Alkohol am Blutt ugehale ginn. Zu där Kontroll war et zwee Deeg virun de Chamberwale komm, an déi den eelere Brudder vum Andy a vum Fränk Schleck jo als Kandidat fir déi Gréng gaange war.

Back to Top
CIM LOGO