Viru genee 84 Joer Zu Wolz gouf un de Generalstreik géint d’Zwangsrekrutéierung erënnert

Marlène Clement
Et ass ee bedeitenden Dag an der Geschicht vum Grand-Duché: Viru genee 84 Joer huet Lëtzebuerg mat engem Generalstreik op d'Zwangsrekrutéierung vun den däitsche Besatzer reagéiert.
Zu Wolz gouf un de Generalstreik géint d’Zwangsrekrutéierung erënnert.
Et ass ee bedeitenden Dag an der Geschicht vum Grand-Duché.

Ugefaangen hat de Generalstreik zu Wolz, wou de Méindeg de Moien a Presenz vu Regierungs- a Gemengevertrieder den Affer geduecht ginn ass.

Een nationaalt Streikmonument zu Wolz erënnert un dëse couragéierten Akt vu jonke Lëtzebuerger, déi sech den 31. August 1942 géint d’Wehrflicht gewiert hunn. Den Historiker Luca Wiltgen huet op der Gedenkzeremonie vun engem trauregen Héichpunkt an enger Chaîne vun Evenementer geschwat, déi Enn August vum Gauleiter Gustav Simon declenchéiert goufen. Den 30. August hat hien den obligatoresche Militärdéngscht fir jonk Lëtzebuerger ordonéiert, déi tëschent 1920 an 1924 gebuer waren. De Krich dee bis dohinner wäit fort gewiescht wier, wier op eemol Deel vun der Realitéit vu ville Lëtzebuerger Famille gewiescht.

Als Reaktioun dorop an aus Solidaritéit mat den Zwangsrekrutéierten hu Leit hir Aarbecht néiergeluecht. Fir d’éischt zu Wolz an dunn och op aner Plazen am Land. 21 Resistenzler hunn de Generalstreik mat hirem Liewe bezuelt. Et dierft een net vergiessen, wat viru Jore passéiert ass, esou de Message vum Wëlzer Buergermeeschter, Patrick Comes. An der Nout misst een zesummenhalen. Dat wier eng Basis, déi een haut nees misst kréien.

Resistenz géing net nëmme bedeiten, sech géint eppes ze wieren, ma och een deen aner ze schützen, huet d’Juna Simoes Marbes vum Projet “How to make Peace” op der Gedenkzeremonie betount. “Mir kënnen eis géint d’Ongerechtegkeet wieren, mee mir kënnen och ee Mënsch schützen. Mir kënnen eis géint Haass wieren, mee mir kënnen och Léift weiderginn. Mir kënnen eis géint d’Feeler aus der Vergaangenheet stellen, mee mir kënnen och aus hinne léieren.”, sot si.

Bis zu der Liberatioun den 10. September 1944 si knapp 11.000 Persounen zu Lëtzebuerg wärend der däitscher Occupatioun agezu ginn. Dovunner sinn der ronn 1.800 am Krich gefall. Ëm déi 2.000 gëlle bis haut als vermësst.

Back to Top
CIM LOGO