Joresrapport Justiz1.100 provisoresch Fuerverbueter, 1.225 Scheedungen, 23 Cassatiounen

RTL Lëtzebuerg
Aus dem 432 Säiten décke Rapport vum Bilan 2018 hu mer e puer méi interessant Zuelen erausgegraff, déi d'Aarbecht vum Geriicht resuméieren.
© RTL (Archiv)

Um Stater an um Dikrecher Geriicht hunn Untersuchungsriichter zejoert zesumme genee 1.100 provisoresch Fuerverbueter gesprach a goufe 638 Führerschäiner zréckginn, déi agezu gi waren, d'Cour d'appel huet 1.290 Uerteeler gesprach an d'Cour de Cassation just hirer 23 casséiert.

Joresrapport Justiz / Reportage Eric Ewald


Wann een d'Stad an Dikrech zesummen hëlt, da sinn déi nei geschafe Juges aux affaires familiales d'lescht Joer mat am Ganze 558 Affäre befaasst ginn, sinn op béide Geriichter zesummen 1.225 Scheedunge gesprach ginn a 87 Uerteeler vu Chambres criminelles: Dobäi goufe 85 Leit veruerteelt an der just 8 fräigesprach, dat all Kéiers an der Stad. Déi zwee Parqueten hunn iwwerdeems am Ganzen 107 Autopsien ordonnéiert. Op deenen zwee Geriichter koumen zesumme 622 nei Affäre vun Tutelle oder Curatelle vun engem Erwuessenen an 851 nei Tutellesaffäre vu Mannerjäregen eran.

Op der Cour d'appel an der Stad da waren op den 31. Dezember manner Affären unhängeg wéi op den 1. Januar zejoert (1.649 par rapport zu 1.814). Déi zweet Riichter goufen d'lescht Joer mat 1.125 neien Affäre befaasst.

D'Cour de Cassation hirersäits hat op den 31. Dezember méi Affären unhängeg wéi op den 1. Januar zejoert (181 am Verglach mat 156). D'Riichter, déi just kontrolléieren, ob d'Recht richteg applizéiert gouf, si mat 182 neien Affäre befaasst ginn an hunn der 157 ofgeschloss.

E Chiffer a puncto Finanzen zum Schluss: Zejoert si bal 4,75 Milliounen Euro u Geldstrofen, déi d'Justiz gesprach huet, vum Enregistrement akasséiert ginn!

Back to Top
CIM LOGO