Coronavirus zu Lëtzebuerg1.148 Neiinfektioune bei 3.795 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.037 läit. En Donneschdeg koum deemno een Doudesaffer bäi.
© RTL

Aktuell si 29 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 3 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.275.533 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 142,16 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 195,45 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO