
Aktuell si 35 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.276.603 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 146,97 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 215,51 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.