Ënnert anerem dat geet aus enger Etüd vun der Fedil iwwert d'Zukunft am Beräich vun der Industrie an dem Bau ervir. Déi antëscht 11. Editioun vun dëser Etüd gouf den Dënschdeg de Moie presentéiert an huet als Zil, d'Besoine vun den Entreprisen ze kennen awer och erauszefannen, wéi eng Qualifikatiounen gefrot sinn.
"D'Lëtzebuerger Industrie lieft!", seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Se brauch awer och weider jonk Leit, fir datt se sech och an Zukunft weiderentwéckele kann. An dat op all den Niveaue vun de Formatiounen.
"Vum DAP, iwwert den Niveau Bac, bis hin zu engem Master, souguer e PhD - et gi jonk Leit vun der Lëtzebuerger Industrie gebraucht. D'Industrie hei am Land ass ganz breet opgestallt an dofir ass et och de Message un déi Jonk, sech un industrielle Beruffer ze interesséieren an dat an all den Domainer vun der Industrie."
Den Niveau vu Qualifikatiounen, dee gesicht gëtt, geet dem Direkter vun der Fedil René Winkin no erop.
"Dat huet och vill mat der Transitioun, déi an der Industrie geschitt, ze dinn: Automatiséierung, Digitaliséierung. Dat gi méi héich qualitativ Posten."
Déi ronn 1.400 Plazen, déi an den nächsten 2 Joer bäikomme sollen, sinn zréckzeféieren op déi 98 Entreprisen, déi bei der Etüd matgemaach hunn. De René Winkin betount, datt méi zousätzlech agestallt wäert ginn wéi remplacéiert.
"Dat weist, datt eng Perspektiv do ass an der hierstellender Industrie. Mir hu jo déi 3 Secteuren: agro-alimentaire, Metall an de Bau."
D'Betriber, déi d'Fedil vertrëtt, stellen zum groussen Deel Frontalieren an. An och bei den zousätzleche Plazen, déi bäikomme wäerten, ass kloer, datt déi net all vu Residente besat kënne ginn. Dowéinst gëtt dem Educatiounsminister no och dru geduecht, méi enk mat den Nopeschlänner zesummenzeschaffen, wat d'Ausbildung ugeet.
"Do kann d'Entreprise zum Beispill zu Lëtzebuerg sinn, d'Schoul awer an Däitschland. Am duale System kann dat haut scho funktionéieren. Mir wëllen dat mat den aneren Nopeschlänner nach méi staark developpéieren."
Vun den 243 Entreprisen, déi vun der Fedil fir d'Etüd kontaktéiert goufen, hunn 98 geäntwert - dat si ronn 40%.