Klimafuerscherin Tessa Möller1,5 Grad Celsius dierfen net iwwerschratt ginn

RTL Lëtzebuerg
1,5 Grad Celsius - Dat kléngt fir déi meescht Leit net no vill, ma d'Tessa Möller schléit awer Alarm.
© AFP

Déi 26 Joer jonk Klimafuerscherin huet eng Etüd publizéiert, déi erkläre soll, firwat et wichteg ass, déi 1,5 Grad Celsius-Limitt, déi 2015 um Paräisser Ofkommes festgeluecht gouf, net ze iwwerschreiden.

22/08/24: BAND Etude Moeller Klimawandel - 18:30 - LW (Radio)

An der Etüd konzentréiert d’Tessa Möller sech op véier sougenannte Klima-Kippelementer.

“Dës si ganz grouss Ënnersystemer vun eisem Äerdsystem, déi eist Äerdsystem stabiliséieren an déi scho zanter Joerdausenden an hirer momentaner Configuratioun bestinn”, sou d’Klimafuerscherin.

D’Auswierkungen op d’Äismassen a Grönland an am Weste vun der Antarktis, de Reebësch am Amazonas an déi Atlantescher Stréimung stinn am Vierdergrond vu der Etüd.

Am Ament si mir bei 1,2 Grad Celsius. Wann déi 1,5 Grad Celsius-Grenz bis erreecht gëtt an d’Äerderwiermung dann nach weider klëmmt, kann dëst grouss Konsequenzen hunn.

“All 0,1 Grad un extra Erwiermung géif nach eng Kéier de Risiko signifikant méi héich maachen, dass ee vun deenen Elementer et zum Kippe bréngt an domadder eist Äerdsystem signifikant verännert. A mir fannen och, wat mir am Ufank net geduecht hätten, dass wa mir 2 Grad iwwerschreiden, dass de Risiko dann nach eng Kéier vill méi abrupt an d’Luucht geet wéi ënnert zwee Grad.”

Wa bei Grönland oder am Weste vun der Antarktis de Kipp-Punkt erreecht gëtt, géif de Waasserspigel drastesch changéieren, esou d’Klimafuerscherin.

“Also et ass net wann op eemol West Antartica kippt, dass dann op eemol de Mieresspigel an engem Dag ëm dräi Meter klëmmt. Elo hu mir projezéiert, dass et bis 2100 manner wéi ee Meter wäert sinn, mee wa mir eis do an de Berechnunge geiert hunn, an et wierklech zu de Kipppunkte komme wäert, da kënne mir bis 2100 scho méi wéi ee Meter méi héije Mieresspigel hunn.”

Dëst kéint op laang Dauer bedeiten, dass bewunnte Fläch verschwënnt. Dofir ass d’Zil bis 2100 klimaneutral ze ginn, fir déi global Erwiermung ze beschränken a kee vu de Kippelementer aus dem Gläichgewiicht ze bréngen. Déi néideg Technologië géifen et och scho ginn.

“Et misst ee se just nach skaléieren, also méi grouss Verbreeden. Dozou gehéiert zum Beispill weider den Ausbau vun erneierbaren Energien, wéi Wand- a Solarenergie. Et geet och vill dorëmmer eis momentan Ökosystemer ze restauréieren an ze protegéieren.”

Elo feelt nach de politesche Wëllen, dës néideg Technologien ze benotzen, esou d’Tessa Möller.

Back to Top
CIM LOGO