Parquet deelt mat1,6 Tonne Fleesch a Mëllechproduiten an orientalesche Butteker saiséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg hunn d'Douane an d'Liewensmëttelkontroll simultan a geziilt a verschiddenen Epicerië mat orientalesche Produite Kontrolle gemaach.
Beispillfoto.
Beispillfoto.
© dpa/AFP/Maurizio Gambarini

1,6 Tonne Fleesch a Mëllechproduite goufen a fënnef orientaleschen Epicerien uechter d’Land saiséiert. Dat deelen d’Parquete vun der Stad an Dikrech en Dënschdeg de Moie mat.

D’Gesetzer goufen an diverse Fäll net respektéiert, heescht et. Dat am Kontext vun der Traçabilitéit, dem Etiquetage an dem Verfallsdatum vun de Produiten.

Op wéi enge Plaze konkret Violatioune constatéiert goufen, geet aus dem Communiqué net ervir. Déi Butteker, déi am Feeler waren, kruten e Protokoll.

D’Parquete Stad an Dikrech decidéieren, ob a wéi eng Suitten si der Saach ginn.

PDF: Communiqué des parquets de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO