
Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.275.228 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 224,92 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 290,96 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.