
En Dënschdeg géint 17.10 Auer ass et der Police judicière gelongen e Mann festzehuelen, dee sech um Kierchbierg net wollt kontrolléiere loossen. D'Persoun ass zu Fouss fortgelaf an huet dobäi och säi Rucksack fortgehäit. No enger kuerzer Poursuite konnt de Mann gestallt ginn. Am Rucksack waren am Ganzen 104 Gramm Amphetaminen sou wéi 2.945 Euro.
Bei enger Hausperquisitioun dunn sinn am Ganzen 1,8 Kilo Amphetaminen an 220 Gramm Kokain fonnt ginn.
De Mann gouf natierlech op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch de Mouen virun den Untersuchungsriichter. Deen huet de Mann an d'Untersuchungshaft geschéckt.
D'Drogen an d'Geld goufen iwwerdeems confisquéiert.