Optakt vun der 1. BundesligaDéi nei Reegele fir déi nei Saison

Tom Nols
Mat der Partie Bayern München géint VfB Stuttgart fänkt e Freideg den Owend déi nei Bundesliga-Saison un. Dobäi gëlle vun dësem Joer un eng Rei nei Reegelen.
D'Arbitteren an d'Spiller musse nei Reegele beuechten
D'Arbitteren an d'Spiller musse nei Reegele beuechten
© DAVID INDERLIED/dpa Picture-Alliance via AFP

Fir Zäitspill z'evitéieren, kënnt bei Ofstouss oder Aworf d'5-Sekonnen-Reegel an d'Spill. Loosse Spiller sech ze laang Zäit, gëtt aus dem Ofstouss e Corner fir de Géigner oder d'Recht anzewerfe wiesselt.

Fir d'Netto-Spillzäit z'erhéijen, musse Spiller, déi ausgewiesselt ginn, bannent 10 Sekonnen den Terrain verlooss hunn. Anerefalls dierf den Awiesselspiller réischt no enger Minutt bei der nächster Ënnerbriechung an de Match.

Spiller, déi um Terrain behandelt ginn oder eng Ënnerbriechung wéinst Blessur verursaachen, den Terrain verloossen an eng Minutt dobausse bleiwen, nodeems erëm ugepaff ass. Eng Ausnam gëtt et beim Golkipp.

De Video-Assistent iwwerpréift eng zweet giel Kaart. Awer just, wa se net gerechtfäerdegt an eendeiteg falsch war oder Spiller verwiesselt gi sinn. Wann den Arbitter net Giel gewisen huet, obwuel et néideg gewiescht wier, dierf de Video-Assistent sech net mellen.

Wéi vun der UEFA ugekënnegt, wäert de VAR méi am Hannergrond bleiwen. E soll just bei kloren an offensichtleche Feelentscheedungen agräifen, d'Zäit virum Ecran ënnen um Terrain soll miniméiert ginn.

Cornere wäerten net, wéi op der WM, vum Video-Assistent iwwerpréift ginn. Eng rout Kaart, well e Spiller sech de Mond zou hält oder aus Protest den Terrain verléisst, wäert et och net ginn. Ausserdeem wäert de Golkipp net sou geschützt si wéi op der WM. D'Blocke vum Keeper ouni aktiv Beweegung an hie ran ass erlaabt.

Nei ass, dass, wa sech den Arbitter dozou entscheet, de Match opgrond vun engem Virdeel lafen ze loossen an doraus e Gol entsteet, fale Strofe wéi giel oder rout Kaarte fir de Versuch, de Gol z'ënnerbannen, ewech. Ausserdeem kann d'Reegel vum Virdeel och bei engem net korrekte Weiderféiere vum Match (falschen Aworf, falsch Plaz fir e Fräistouss) ugewannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO