Nei Corona-Zuelen1.988 confirméiert Fäll zu Lëtzebuerg, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 22

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 38 positiv geteste Patienten. Dovu sinn 1.733 Residenten an 255 Patienten Non-Residenten.

202 Persoune sinn den Ament hospitaliséiert, 31 dovun op der Intensivstatioun.

Back to Top
CIM LOGO