Virfaart net respektéiert1 Blesséierte bei Accident tëscht Camionnette an Auto

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et zu Allerbuer un der belscher Grenz zu engem Verkéiersaccident. 1 Auto an eng Camionnette waren am Coup.

Informatioune vun der Police no hätt een Automobilist d'Virfaart bei engem Stoppschëld net respektéiert an dunn en anert Gefier ze pake kritt. De CGDIS mellt 1 Blesséierten. Engem Aenzeien no hätten de Motor an d'Boîte vum Auto op der Strooss geleeën.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Wëntger an d'Ambulanz vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO