Keng nei Konventioun mat AMMDCNS bedauert vum Mediateur geschwaten Non-Conciliation, fir Assuréen ännert awer näischt

RTL Lëtzebuerg
Zanter leschtem Freideg ass jo offiziell, datt d'Dokteschassociatioun AMMD keng nei Konventioun mat der CNS ënnerschreiwe wäert. D'Gesondheetskeess hat sech zanterhier nach bedeckt gehalen, reagéiert elo awer an engem Schreiwes vun zwou an enger hallwer Säit.
© Envato Symbolbild

Op den Datum vun haut huet de Mediateur eng Non-Conciliatioun gesprach. Dat géif ee bedaueren, schreift d'CNS, déi awer rappeléiert, dass sech doduerch fir den Assuré näischt wäert änneren. Wann déi aktuell Konventioun tëscht den Dokteren an der CNS an zwee Méint ausleeft, spillt e Réglement Grand-ducal. Et géif also keng Ënnerbriechung vun der Prise-en-charge vun de Soinen, an d'Remboursementer géifen och wéi gewinnt weiderlafen.

D'CNS seet sech oppe fir e konstruktiven Dialog mat der Dokterschaft iwwert sämtlech Froen, déi sech stellen. De Corps médical hätt all Recht, fir sech iwwert hir Aarbechtsconditiounen an d'Evolutioun vum Santéssystem Gedanken ze maachen a Fuerderungen ze stellen.

Liest hei d'Schreiwes vun der CNS

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO