
Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Réimech, de Samu aus der Stad an d'Pompjeeë vu Kanech a Réimech.
Wéi schlëmm d'Persoun blesséiert gouf, gouf net matgedeelt.
E Samschdeg am Laf vum Dag koum et nach zu weideren Accidenter op de Lëtzebuerger Stroossen. Géint 13.30 Auer hate sech Esch ee Motorrad an een Auto ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. Déi nämlecht Auerzäit war tëscht Fluessweiler an Dräibuer ee Motocycliste gefall. Och hie gouf blesséiert. An da war et um 14.46 Auer ee weidert Accident mat engem Motorrad an dat zu Syren. Och hei gouf et ee Blesséierten.