
D'Rettungsekippen hunn de Mann an d'Spidol bruecht. D'Police war op der Plaz, bis ewell konnt den Täter nach net ermëttelt ginn.

D'Ermëttlunge vun der Police lafen. Et kann een dovunner ausgoen, dass et sech ëm e gewalttätegen Iwwerfall handelt. Dem Affer feelen éischten Erkenntnisser no e Rucksak, e Portmonnie a säin Handy.
D'Affer selwer ass stabil a schwieft net a Liewensgefor.