Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 369 Positiver bei 4.625 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 890 läit.
© RTL

Aktuell si 80 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 23 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 960.315 Impf-Dosisse genotzt. 6.520 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn.

En Donneschdeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 91,20 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 41,72 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO