
Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 188 Neiinfektiounen an zousätzlech 119 Reinfektiounen. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.713 Impfdosisse genotzt. Mat 10 waren alleguer d’Dosisse Boosteren.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,62. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.