
Heibäi gouf eng Persoun verwonnt. Iwwerdeems hunn um Mëttwoch am Nomëtteg eng Méimaschinn zu Kanech, eng Dreckskëscht zu Helleng an e Barbecue zu Esch gebrannt. Et blouf beim Materialschued.
Um kuerz virun hallwer 3 en Donneschdeg Nomëtteg krute sech op der A3, tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d'Ekippen aus der Stad.