Wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean1.-Mee-Feier ofgesot, nei Datumer fir Porte-ouverten a Lycéeën

RTL Lëtzebuerg
No der Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean sinn eng ganz Partie Manifestatioune kuerzfristeg ofgesot respektiv verluecht ginn. Hei eisen Iwwerbléck.
VIDEO: Wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean: Villes gëtt verluecht
Ënnert anerem wuel och de Maart Ufank Mee ...

Zu den Evenementer, déi annuléiert respektiv verluecht ginn, gehéiere Konferenzen, Pressekonferenzen, Table-ronden, Kultur-Evenementer, Sport-Maniffen a souguer eng Staatsvisitt. Mir hu versicht, hei e méiglechst kompletten Iwwerbléck ze ginn.

Feier 1. Mee

Déi traditionell Feier vum 1. Mee, dem Dag vun der Aarbecht, wäert dëst Joer verréckelt ginn, dat wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean. Dat huet den Porte-Parole vum OGBL Olivier Landini RTL en Donneschdeg de Mëtteg confirméiert. D'Entscheedung wär zesumme mat der Abtei Neimënster geholl ginn, wou dat interkulturellt Fest sollt sinn. Den 1. Mee gëtt den 9. Mee nogeholl, esou de Porte-Parole.

Och d'Familljefest vum SYPROLUX den 1. Mee zu Hesper ass ofgesot.

Porte-ouverten an de Lycéeën

De Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse huet déi nei Datumer matgedeelt, well d'Schoulen de 4. Mee jo zou bleiwen, 9 Lycéeë mussen hir Porte ouverte réckelen:

Les portes ouvertes fixées au 4 mai sont reportées dans neuf lycées (25.4.2019)

En raison des funérailles de S.A.R. le Grand-Duc Jean, toutes les portes ouvertes des lycées à l'attention des parents et des futurs élèves de 7e prévues le 4 mai 2019 sont annulées ou reportées.

Neuf lycées sont concernés.

Au Lycée Michel Rodange (LMRL), la porte ouverte est avancée au 3 mai 2019 et sera répétée, comme prévu, le 7 mai 2019.
Au Lycée de garçons d'Esch (LGE), au Lycée technique de Lallange (LTL), au Lycée Bel-Val (LBV), au Sportlycée (SLL), au Maacher Lycée Grevenmacher (MLG), au Lycée Robert Schuman (LRSL) et à l'École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL), les portes ouvertes sont reportées au 11 mai 2019.
Au Lycée Aline Mayrisch (LAML), la porte ouverte du 4 mai est annulée. Les parents et élèves intéressés peuvent profiter des rendez-vous déjà fixés au 6 mai et au 11 mai 2019.

Vous pouvez retrouver le calendrier complet des portes ouvertes sous http://edulink.lu/hqq7.

Pour plus d'informations, veuillez consulter les sites internet des lycées respectifs.

Dann och nach dës Info: Keng Coursen de 4. Mee am Luxembourg Lifelong Learning Center.

Stad Lëtzebuerg

Déi 10. Editioun vum DKV Urban Trail Luxembourg ass vum 28. Abrëll op en 12. Mee verluecht ginn.

Komplett ofgesot sinn den Charity Run de 27. Abrëll an der Stad, grad wéi de Vernissage vun der Expositioun "besoins spécifiques" am Groussen Theater den 30. Abrëll.

Präzisioun: Den Charity Runvun de Schüler vun der 3GCM2 aus dem ECG dëse Samschdeg, 27. Abrëll op der Kockelscheier (Start: 11h) ass NET ofgesot.

D'Organisateure vum Duck Race hu matgedeelt, dass hiren Event vun e Samschdeg 27. Abrëll op den 18. Mee verréckelt gouf.

Den LCTO huet e Mëttwoch de Moien annoncéiert, dass sämtlech Concerte bis de 4. Mee annuléiert sinn.

PDF: Schreiwes vum LCTO

Back to Top
CIM LOGO