Selbstbewosste Landesverband1. Mee-Ried vun der Gewerkschaft, och bei Luxtram

Pierre Jans
Et bleift ee kloer bei engem "Nee" zum gratis ëffentlechen Transport. Hei wier ee virun e Fait accompli gestallt ginn.

Och bei Luxtram hat sech de Landesverband mat Hëllef vum OGBL bei de Sozialwale presentéiert. Obwuel d'Societéit, déi den Tramsreseau an der Stad bedreift, der Gewerkschaft Steng an de Wee geluecht hätt.

VIDEO: Selbstbewosste Landesverband
Et bleift ee kloer bei engem "Nee" zum ëffentlechen Transport. Hei wier ee vir Fait accompli gestallt ginn.

''Ech erënneren drun, dass eisen ausgewielte Spëtzekandidat fir d'Walen, deen déi ganz Delegatioun beim Tram opbaue sollt, ouni trëfftege Grond  bei Luxtram entlooss ginn ass. Dat an enger Manéier, déi mënschlech gesinn, eng Frechheet an eng grouss Sauerei ass. ''

Eng Affär déi d'Suitte wuel viru Geriicht huet. 92,6 Prozent vum Personal bei Luxtram hätten hir Stëmm bei de Sozialwalen ofginn.

E Message, deen d'Direktioun, de Staat an d'Stad Lëtzebuerg hoffentlech verstanen hätten, an obhale bei Luxtrum Sozialdumping ze bedreiwen an een endlech zu engem Ofschloss vun engem gudde Kollektivvertrag, sou de Georges Merenz.

De Landesverband wier diskussiounsbereet an et wéilt ee konstruktiv bei der Digitaliséierung an dem Klimawandel mat de Ministèren zesummeschaffen. Bei aneren Dossieren, ass hir Positioun fix: "Nee zum gratis ëffentlechen Transport." D'Gewerkschaft fäert, et géifen Aarbechtsplazen ewechfalen. Dofir fuerdert de Landesverband elo schonn eng Verlängerung vum Kontrakt tëscht den CFL an dem Staat ëm 15 Joer.

Back to Top
CIM LOGO