Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, 777 vun 2.358 Tester positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.051 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 35 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn dräi Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.277.243 Impfdosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO