Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vun 2.454 Tester waren der 161 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 836 läit.

Aktuell si 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 789.773 Impf-Dosisse genotzt. 412 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 842 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO