CGDIS1 schwéier Blesséierten no Accident tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochowend géint 19.30 Auer sinn zu Rolleng an der Avenue de la Gare en Auto an e Motorrad net laanschtenee komm.

Wéi de CGDIS mellt, gouf beim Accident eng Persoun schwéier verwonnt. De Samu gouf op d'Plaz geruff, grad ewéi d'Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng, an d'Escher Ambulanz.

Op der RN08 bei Sëll ass um Donneschdegmoie géint 3.30 Auer en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf liicht verwonnt. D'Ambulanz vu Réiden an d'Pompjeeë vun Tënten waren am Asaz.

Géint 14.30 Auer en Donneschdeg koum et zu Esch an der Lëtzebuerger Strooss zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Géint 14.45 Auer gouf et an der Stad eng weider Kollisioun mat zwee Gefierer, och hei ass  Persoun verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO