
Éischten Ermëttlungen no koum et aus nach ongekläerte Grënn beim Ofbéien zu engem Accident, wou ee Gefier un der Fuerersäit erfaasst an e puer Meter iwwert d'Fuerbunn geschleidert gouf. De Chauffer vum Auto huet misste gebuerge ginn a gouf no enger éischter Versuergung vum Samu an d'Spidol bruecht ginn.
Den Alkoholtest vum blesséierte Fuerer war negativ. De Chauffer, deen a Richtung Réid gefuer ass, krut de Permis opgrond vun engem positiven Alkoholtest ofgeholl.
D'Streck war bis kuerz no 2 Auer fir d'Dauer vun de Rettungsaarbechte gespaart. Am Asaz waren d'Ambulanze vu Réimech an aus der Stad souwéi d'Pompjeeë vu Kanech a Mutfert.
Zu Miersch an der Rue de Colmar-Berg krute sech géint 7.20 Auer zwee Gefierer ze paken. Déi zwou blesséiert Persoune goufe vun de Rettungsdéngschter vu Lëntgen a Miersch versuergt.
Géint 8 Auer de Moie koum et dann zu Iechternach an der Rue des Remparts zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Och hei ginn et zwee Blesséierter. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vun Iechternach a Mäertert.
Op der N5 vun Dippech a Richtung Bartreng ass en Automobilist géint 8.50 Auer an e Bam gerannt an dobäi blesséiert ginn. D'Ambulanz vu Mamer an de Rettungsdéngscht vun Dippech waren op der Plaz.
Och zu Esch krute sech de Moie géint 10.40 Auer zwee Autoen an der Rue de Belvaux ze paken. D'Rettungsdéngschter vun Esch waren am Asaz an hunn eng blesséiert Persoun misse versuergen.