
Aktuell sinn 39 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 4 Patienten op der Intensivstatioun. En Dënschdeg goufen 165 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 12.620 aktiv Infektiounen, 182.668 Leit sinn nees gesond.
Am Ganze goufe bis ewell 1.271.587 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 199,5 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 239,45 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.