
10 Persoune koumen nom Brand wéinst Verdacht op eng Dampvergëftung an d'Spidol. D'Pompjeeë vun Esch, Käerjeng, Suessem an Déifferdeng waren op der Plaz, nämmlecht wéi Ambulanze vun Esch, Péiteng, Suessem, Déifferdeng a Beetebuerg. De Samu vun Esch, den CPEL Kordall an d'Police waren och do.
Géint 12.59 Auer koum et zu Veianen um Niklosbierg zu enger Motorrads-Chute, wou eng Persoun verwonnt gouf. Eng Ambulanz vun Ettelbréck, d'Pompjeeë vun Housen a Veianen, den CPEL Ourdall an d'Police waren op der Plaz.