Drogekriminalitéit10 Dealer an 1 Intermediaire goufe festgeholl

Annick Goerens
Donieft goufe bei de verschiddenen Interventioune vun der Police, der Douane an de Police-Muppe Boergeld, Marihuana, Kokain an Handye saiséiert.
© RTL Archiv

D'Police mellt eng Réi Succèsen am Kampf géint d'Drogekriminalitéit op der Stater Gare. Dës Woch wäre verstäerkt Asätz an deem Quartier gemaach ginn. Am Ganze goufe wärend 4 separaten Interventiounen 10 Dealer an een Intermediaire festgeholl.

Donieft goufe bei de verschiddenen Interventioune vun der Police, der Douane an de Police-Muppe Boergeld, Marihuana, Kokain an Handye saiséiert. Op Uerder vum Parquet goufen d'Männer festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO