Dr Claudine Als10 exzellent Grënn, fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen

RTL Lëtzebuerg
An engem Bréif geet d'Doktesch vun der nuklear Medezin op Grënn an, wisou sech d'Leit solle géint de Coronavirus impfe loossen.
© AFP (Archiv)

Ënner anerem schreift d'Doktesch aus der Zitha Clinique, datt d'Impfung et erméiglecht, de Gesondheetssystem ze entlaaschten ma och d'Personal, wat zanter Méint un der Front géint dëse Virus kämpft. Och kann ee verhënneren, datt hei am Land all Dag 5 bis 10 Leit stierwen, wat op de Mount gerechent esou vill Leit sinn, wéi bei engem Fligerongléck ëmkommen.

Och kann, wann de Gros vun der Populatioun geimpft ass, eng Entspanung an den Alters- a Fleegeheemer optrieden, an d'Bewunner, déi zanter elo laange Méint isoléiert sinn, endlech nees méi reegelméisseg Besuch ëmfänken. Weider geet d'Dokter Als an hirem Bréif op déi Jonk an, op d'Entreprisen, op de Kultursecteur an natierlech op eisen Alldag an d'Interaktioun mat anere Leit.

RTL-News: De komplette Lieserbréif vun der Dokter Als

Back to Top
CIM LOGO