Transport vu BoergeldOp d'mannst 20 Doudeger bei Fligerongléck a Bolivien

AFP, iwwersat vun RTL
E Freideg ass um Fluchhafen El Alto e Militärfliger op enger ëffentlecher Strooss accidentéiert. Datt dëse Boergeld transportéiert huet, haten d'Leit aus der Géigend séier matkritt.

A Bolivien ass e Freideg e Militärfliger, dee Boergeld transportéiert huet, erofgefall. De Fliger wier bei der Landung um Fluchhafen zu El Alto vun der Pist ofkomm an op enger Strooss mat enger Rei Gefierer kollidéiert, heescht et vun der Loftfaartautoritéit Naabol. Dobäi wier d’Maschinn komplett zerstéiert ginn, wéi lokal Medie mellen. Op d’mannst 20 Leit si beim Ongléck ëm d’Liewe komm, huet de Chef vun der Mordkommissioun vun der Police, de René Tambo, op der Plaz géigeniwwer der Press erkläert. An op d’mannst 28 Blesséierter si medezinesch versuergt ginn, heescht et vum Gesondheetsministère. De Betrib vum internationale Fluchhafen zu El Alto war temporär gestoppt ginn. Wéi et zum Ongléck koum, géing vun enger Enquêtëkommissioun ermëttelt ginn.

Datt de Fliger Boergeld transportéiert huet, haten d’Leit op der Plaz séier matkritt an hu probéiert d’Schäiner aus der Maschinn matgoen ze loossen, wat deels zu chaoteschen Zeene gefouert huet. Op Opname vun Tëleessendere war ze gesinn, wéi d’Police Tréinegas agesat huet, fir d’Awunner dovun ofzehalen, d’Suen anzesammelen. Méi spéit wier ze gesi gewiescht, wéi d’Autoritéiten d’Schäiner op der Plaz verbrannt hunn.

De Verdeedegungsministère huet erkläert, d’Schäiner vun der Zentralbank hätten nach keng Seriennummer an hätten deemno “kee gesetzleche Wäert a keng Kafkraaft”. D’Suen anzesammelen oder an Ëmlaf ze bréngen, wier eng Strofdot. Zwielef Leit, déi vum Chaos profitéiert hätten an a Butteker an der Géigend agebrach wieren, wieren och scho festgeholl ginn, heescht et iwwerdeem vum Procureur Luis Carlos Torres.

De President Rodrigo Paz huet de Famillje vun de Verstuerwenen a Blesséierte seng Solidaritéit a säi Bäileed ausgedréckt. “Et ass en Dag vu grousser Trauer”, huet de Staatschef op X erkläert.

Back to Top
CIM LOGO