
Wéi d’Police mellt, koum et Freideg tëscht 21.30 an 21.15 Auer zu engem Accident tëscht Schëndels a Koplescht. Deemno war en Auto, deen ënnerwee vu Koplescht a Richtung Schëndels war, huet an enger Kéier vum spéideren Affer iwwerholl. Wärend dem Iwwerhuele koum en Auto aus dem Géigeverkéier entgéint, wouropshin d’Affer huet missen auswäichen an am Gruef gelant ass. Den Auto gouf beschiedegt, allerdéngs gouf kee blesséiert. De Chauffer, deen iwwerholl hat, hat sech awer duerch d’Bascht gemaach, wouduerch eng Plainte wéinst Farerflucht gemaach gouf.
Wien Informatiounen zum Accident huet, ass gebieden, sech bei der Police vu Kapellen/Stengefort ze mellen. Dat ënner der Nummer 244 30 1000 oder per Mail u police.capellensteinfort@police.etat.lu.
Accident ënner Alkohol- an Drogenafloss
Donieft mellt d’Police en Accident géint 4 Auer an der Nuecht op e Samschdeg am Rond-point Rippweiler-Barrière. Op der Plaz hunn d’Beamte virop just den accidentéierten Auto fonnt. Kuerz Zäit méi spéit hätt och kënnen d’Automobilistin ermëttelt ginn. Op der Plaz zréck huet dës zouginn, Schold um Accident gewiescht ze sinn. Si hätt d’Kontroll iwwer hiren Auto verluer a wier géint e Verkéiersschëld gerannt. D’Beamten hunn op der Plaz gemierkt, datt d’Fra ze vill gedronk hat. Nieft dem Alkoholtest hat och den Drogentest op Cannabis ausgeschloen, wouropshin am Spidol eng Blutt- an Urinprouf geholl gouf. D’Fra krut e provisorescht Fuerverbuet.