D’Zil vun der Operatioun wier et, d’USA an hir Alliéiert ze protegéieren, esou den Donald Trump.
“Eist Zil ass et, d’amerikanescht Vollek ze verdeedegen, andeems mir akut Geforen duerch dat iranescht Regime eliminéieren.“
Den iranesche Regime géif zanter Joerzéngte Gewalt ënnerstëtzen an déi ganz Regioun destabiliséieren.
Am Mëttelpunkt vun der Militärinterventioun steet sengen Aussoen no ze verhënneren, dass den Iran eng Atomwaff kritt.
“Dësen terroristesche Regime däerf ni eng Atomwaff hunn. Ech soen et nach eng Kéier: Si däerfen ni eng Atomwaff hunn.“ D’USA géifen dofir suergen, “datt den Iran keng Atomwaff kritt. Si wäerten ni eng Atomwaff hunn.“
De President huet d’Bedeelegung vum US-Militär confirméiert a sot, dass d’Operatioun nach amgaang wier. D’USA géifen dem Iran seng militäresch Kapazitéiten zerstéieren.
“Mir wäerten hir Rakéiten zerstéieren an hir Rakéiten-Industrie dem Buedem gläichmaachen.“
Gläichzäiteg huet den US-President viru méiglechen amerikanesche Verloschter gewarnt: “D’Liewe vu couragéisen amerikaneschen Helde steet um Spill, an et kéint och Affer ginn, esou eppes geschitt dacks am Krich.“
An engem direkten Opruff un d’iranesch Sécherheetsautoritéiten huet hien erkläert: “Leet Är Waffen nidder a kritt vollstänneg Immunitéit. Oder, stellt Iech engem sécheren Doud.“
Un d’iranesch Bevëlkerung geriicht sot hien: “D’Stonn vun Ärer Fräiheet ass komm. Verloosst Äert Doheem net. Et ass ganz geféierlech dobaussen. Bomme wäerten iwwerall falen.“
D’Ukënnegung bedeit eng drastesch Eskalatioun am Konflikt tëscht den USA an Iran a kéint wäitreechend Konsequenze fir d’Sécherheetslag am ganzen Noen Osten hunn.