Israel huet den Iran e Samschdeg de Moie mat engem “Preventivschlag” ugegraff. Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet e “besonneschen an direkten Ausnamezoustand fir ganz Israel” erkläert, wéi et vu sengem Ministère heescht. Zu Jerusalem waren e Samschdeg de Moie Sireenen ze héieren. D’Autoritéiten hu vun engem “ganz seriöen” Alarm geschwat.
Iwwer der iranescher Haaptstad Teheran waren e Samschdeg de Moien zwou déck Dampwolleken ze gesinn. Donieft wieren zwou haart Explosiounen ze héiere gewiescht, wéi AFP-Journaliste mellen. Der Agence Fars no hätten d’Explosiounen no “Rakéiten” geklongen. Déi iranesch Noriichtenagence Isna huet gemellt, datt Damp an der Géigend vun engem Quartier ze gesi wier, an deem den héchste Geeschtleche vum Iran, den Ayatollah Ali Chamenei an de Presidentebüro sinn. Den iranesche President Massud Peseschkian wier awer a Sécherheet, huet Isna weider e Samschdeg erkläert.
Den Iran huet iwwerdeem de Loftraum bis op Weideres zougemaach an eng Reaktioun ugekënnegt, déi “vernichtend” wier. Och Israel huet säi Loftraum komplett zougemaach.
Nodeems eng Rei Medie scho gemellt haten, datt d’US-Regierung um Coup géint den Iran bedeelegt wier, huet den Donald Trump dëst confirméiert. D’"Stonn vun hirer Fräiheet wier no”, esou den US-President un dat iranescht Vollek geriicht. Der New York Times no, déi sech op e Regierungsvertrieder bezitt, wier d’Aktioun zanter Méint virbereet ginn an den Datum vun der Attack hätt schonn zanter Woche festgestanen. Zanter Deeg gëtt doriwwer spekuléiert, ob et am Atomsträit mam Iran zu engem US-Militärasaz am Iran kéim oder net.
Am Fall vun enger US-Attack op den Iran gëtt eben och gefaart, datt Teheran als Reaktioun den US-Alliéierten Israel ugräift. E Freideg scho war et den Appell un d’US-Diplomaten an Israel, d’Land ze verloossen. Och Däitschland réit dréngend vu Reesen an Israel of.
E Méindeg sollen d’Verhandlungen tëschent Washington an Teheran eigentlech weidergefouert ginn.