
Wéinst, "der Gravitéit vun de Faiten an der Personalitéit vum Mann" huet d'Vertriederin vum Parquet e Méindeg um Dikrecher Geriicht 10 Joer Prisong an eng bedeitend Geldstrof fir e 46 Joer alen Ugeklote gefrot: Him war de Prozess gemaach gi wéinst dem illegalen Trafic vu Migranten.
E Freiden hat de Mann 11 Versich zouginn, tëscht Oktober 2015 a Mäerz 2017, fir Migrante vu Frankräich oder der Belsch aus a Groussbritannien ze bréngen. Hien, deen zanter 16 Méint am Prisong sëtzt, hat dunn och gesot, dass 7 weider Versich Succès haten.
„Dem Mann seng Intentioun war kloer, vun Ufank un. Hien hat net d'Absicht fir opzehalen, mä weider Pläng, war fir d'Organisatioun zoustänneg an net en einfache Kompliz!“: Dat waren e puer Aussoen, gëschter, vun der Vertriederin vum Parquet. An där hiren Aen ë.a. d'Circonstances aggravantes zréckzebehale wären, dass de Mann vun der vulnerabeler Situatioun vu Leit a Mineuren aus z.B. Afghanistan, Irak an Iran profitéiert hätt. De Beschëllegten hätt Camionnettë mat amenagéiert fir den Transport, wär wuel beim Chargement vun de Gefierer dobäi gewiescht an hätt sech beräichert, aus finanzielle Grënn. D'Vertriederin vum Parquet huet vun der onmënschlecher Aart a Weis geschwat, wéi Migranten transportéiert goufen, wéi Béischten; ë.a. wär e Kand vu 5 Joer an engem zougespaarte Miwwelstéck verstoppt ginn. Dass kee gestuerwen ass, wär net de Merite vun de Schleiser, dem Mann géif et komplett un Empathie feelen an hien hätt e strategeschen Aveu gemaach. Géint de Mann wär de Virworf vun der krimineller Organisatioun zréckzebehalen, an déi eng 15 Leit implizéiert gewiescht wären an där hire Kapp hien zu Lëtzebuerg gewiescht wär.
Dogéint sollt fir dem Mann säin Affekot de Reproche vun der krimineller Organisatioun net zréckbehale ginn. Dem Me Stroesser no hätt säi Client d'Faiten och bereit a keng Doudesgefor fir d'Migrante bestanen. Säi Mandant hätt matgemaach, well hien als Taxichauffeur méintlaang net bezuelt gouf, an hätt d'Faite fréi zouginn. D'Migrante wären zu allem bereet, an de Mann hätt näischt dovu gewosst, dass Kanner mat transportéiert goufen. Fir den Affekot léige wuel Faite vun enger gewësser Gravitéit vir; nawell kéinten d'Riichter ënnert de Strofminimum vu 5 Joer goen. Schliisslech hätt de Mann bis zu senger Interpellatioun, am Oktober 2017, 7 Méint keng Transporter méi gemaach, well hie mat senger Fra decidéiert gehat hätt opzehalen, sou de Me Stroesser.
D'Uerteel ass fir de 4. Abrëll.