Sequestratioun mat Viol10 Joer Prisong gefrot

RTL Lëtzebuerg
D'Appellsuerteel ass fir den 2. Abrëll.

An enger Affär vu Sequestratioun mat Viol gouf e Mëttwoch schonn op der Cour d'appel an der Stad d'Confirmatioun vun der Strof aus 1. Instanz gefrot: Am November war e Mann dowéinst um Stater Geriicht zu 10 Joer Prisong condamnéiert ginn.

De Mann soll d'Fra am Juni virzejoert an der Stad géint hire Wëlle festgehalen a vergewaltegt hunn: Hien hat dat bestridden, an och d'Fra hat am 1. Prozess ausgesot, dass si gelu gehat hätt, nawell war déi Prisongsstrof gesprach ginn.

D'Appellsuerteel ass fir den 2. Abrëll.

Back to Top
CIM LOGO