Afrikanesch Schwéngspescht10 km laangen Zonk steet nach bis 15. Oktober, éischt Paarte gi lo op

Jeannot Ries
2018 gouf den éischte Fall vun afrikanescher Schwéngspescht an der Belsch enregistréiert.
10 km laangen Zonk steet nach bis 15.10, éischten Paarten op
2018 gouf den éischte Fall vun afrikanescher Schwéngspescht an der Belsch enregistréiert.

D'Belsch, d'Lëtzebuerger an d'Fransousen hu sech deemools zesummegesat, fir d'Grenzregioun ze protegéieren. Zu Lëtzebuerg gouf ee bal zéng Kilometer laangen Zonk tëscht Lénger a Grass opgeriicht, fir deen vun der Wallonie ze verstäerken. Wéi gesäit et elo zwee Joer méi spéit aus ?

Och haut gëtt et nach afrikanesch Schwéngspescht an Europa. Rezent Fäll wieren zum Beispill déi an Däitschland un der polnescher Grenz.

© Didier Weber / RTL

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider erkläert, Lëtzebuerg a Frankräich hätten nach ni ee Fall gehat, well virun zwee Joer esou séier reagéiert gi wier. Och d'Belsch hätt zanter September 2019 kee méi gehat a wier Enn 2020 als Schwéngspescht fräi erkläert ginn. An trotzdeem hätte se ...

"... decidéiert, bis Enn Mäerz 2022 den Zonk stoen ze loossen. Mir hunn decidéiert, dass mir e bis de 15. Oktober 2021 stoeloossen an dann e Bilan maachen, wéi d'Situatioun evoluéiert."

Par konter géif iwwerluecht ginn,  d'Paarten am ganze Land schonn op ze maachen an den Zonk och do, wou Wëldwiessel ass.

"Den Zonk war eng vun de Preventiounsmoossnamen, déi mir geholl hunn, natierlech nieft der Biosecuritéit an de Betriber. Nieft der Zone blanche natierlech, déi ageriicht gouf, war den Zonk natierlech de Moyen, dee mir haten, zesummen iwwregens mat de Belsch a mat de Fransousen, fir eben déi Zone do anzegrenzen."

Lëtzebuerg géif och weider sporadesch Kontrolle maachen. Antëscht wiere scho 550 Wëllschwäi kontrolléiert ginn. Se wieren alleguer negativ gewiescht. Trotzdeem misst ee weider oppassen, esou de Romain Schneider :

"D'Schwéngspescht ass aus Europa nach net fort a kann och all Moment erëm kommen. An ech mengen, dann ass et gutt, dass mir engersäits den Zonk stoen hunn an op der zweeter Plaz, dat musst dir och wëssen, hu mir jo geplangt, den Zonk no Norden auszebauen. Och déi Pläng leien do a wa mer eng Kéier séier misste reagéieren, si mer och séier prett dofir."

Déi concernéierte Bëscher an der Belsch sinn eréischt zanter dem 1. Abrëll dëst Joer erëm fir de Public op.

Back to Top
CIM LOGO