Um Site vun der Chamber10 nei Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
Zu de Sujete gehéiert d'Sécherheet op der Gare, Kriibsstatioune fir Kanner, Radaren, CO2-Steier oder nach d'Kilometerpauschal.

Um Site vun der Chamber kann een 10 nei Petitiounen ënnerschreiwen.

Zum Beispill gëtt d’Aussetze vun der CO2-Steier op de Pëtrolsproduite gefrot, wärend der Ukrainkris. D’Kilometerpauschal soll eropgesat ginn. Fix a mobil Radare sollen an 30er-Zoonen agesat ginn.

De Service vun de Kriibs-Statioune fir Kanner soll ausgebaut ginn.

Et soll ee méi vun der Krankekeess bei Brëller an Zänn rembourséiert kréien. D’Sécherheet op de Gare soll verbessert ginn, zum Beispill mat Policestatiounen an d’Enregistrementskäschten, wann een eng Wunneng keeft, solle vu 7 op 4% erofgesat ginn.

Bis de 5. Mee huet een Zäit z’ënnerschreiwen. 4.500 Ënnerschrëfte gi gebraucht, fir en ëffentlechen Debat an der Chamber.

Iwwersiicht vun den neie Petitiounen

  1. Sécherheet op den lëtzebuergeschen Garen z.B. duerch Police-Statiounen. (2250)
  2. Fir eng eendeiteg favorabel Positioun vun der lëtzebuergescher Regierung zum schnelle Bäitrëtt vun der Ukrain an d’EU. (2251)
  3. Congé spécial humanitaire (fir Flüchtlingshëllef) - Sonderurlaub für Flüchtlingshilfe - Special leave to help refugees (2252)
  4. Méi Remboursementer bei Brëller an Zänn (2257)
  5. Baisse des frais d’enregistrement et de transcription de 7% à 4% pour toutes ventes de biens immobiliers destinés à des fins d’habitation au Grand-Duché de Luxembourg. (2261)
  6. Adaptation du barème des frais de déplacement et des frais de route suite à l’explosion des prix du carburant. (2262)
  7. Obligation pour les communes et l’Etat de faire un diagnostic amiante de tous les bâtiments publics (écoles, salles de sport, piscines, administrations...) (2264)
  8. Installatioun vun fixen oder mobilen Radaren an der Zone 30 (2265)
  9. Aussetzen vun der CO2-Steier op de Pëtrolsproduiten wärend der Ukrainkris (2266)
  10. Augmenter la capacité du service existant d’oncologie pédiatrique au Luxembourg ( 2232)

Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO