
De Premier huet op Twitter matgedeelt, datt e Mëttwoch de Moien déi erwaarte Liwwerung vun 100.000 Dosisse Moderna zu Lëtzebuerg ukomm ass. E Freideg geet den Impfzenter am Hangar vun der Air Rescue fir Booster-Impfungen op. Rendez-vouse fir dësen Impfzenter si vun elo u scho fräigeschalt.
Den Ament si jo dräi Impfzenteren am Land op. Am Kader vun der Impfwoch kann ee sech nieft den Hausdokteren awer och an enger Rei Pop-Up-Impfzenteren géint Covid impfe loossen.
Zanter e Mëttwoch ginn dann och 57.000 Impf-Invitatioune fortgeschéckt, dorënner sinn och all déi Leit, déi mat AstraZeneca geimpft goufen. Nach bis den 12. Dezember leeft jo hei am Land d’Impfwoch, dat ënnert dem Slogan “Lëtzebuerg léisst sech impfen”.
