VIDEOEN - Reportage an Interview100 Joer allgemengt Walrecht a Fraerechter vun 1919 bis haut

Caroline Mart
Dat war de Sujet an engem Reportage e Mëttwoch am Journal an direkt duerno och an enger Talkronn beim Caroline Mart op RTL Télé Lëtzebuerg.
VIDEO: Rechter um Pabeier a Gläichberechtegung an der Praxis
E Freiden ass den internationale Fraendag, een, deen dëst Joer zu Lëtzebuerg am Zeeche vun engem Anniversaire steet: 100 Joer allgemengt Walrecht!

E Freiden ass den internationale Fraendag, een, deen dëst Joer zu Lëtzebuerg am Zeeche vun engem Anniversaire steet: 100 Joer allgemengt Walrecht! Am Géigesaz zum Ausland gouf et bei ons am Virfeld keng grouss Demonstratiounen oder Drock vu Säite vu Fraenorganisatiounen oder Sufragetten, an awer war Lëtzebuerg zimlech fréi un 1919 mam Aféiere vum Walrecht och fir Fraen. Et huet trotzdeem laang gedauert, ier d'Fraen aner elementar Rechter am Grand-Duché unerkannt kruten.

"Mir brauchen am Stot weder e Chef de Famille, nach e Momper, mir hätte gär, dass déi Reform esou soll gemaach ginn, dass déi 2 Leit, déi matenee bestuet sinn, Partner si mat gläiche Rechter a Flichten!" (Zitat Astrid Lulling)

Et war dëst eng Revendikatioun 50 Joer nom Aféiere vum Fraewalrecht, nodeem 1925 als alleréischt Fra d'Marguerite Thomas-Clement an d'Chamber gewielt gi war, awer just fir eng eenzeg Legislatur-Period. Duerno huet et 30 Joer gedauert, ier d'Astrid Lulling nees als eenzeg Fra op de Krautmaart koum, woubäi 1965 bestuete Fraen nach ëmmer onmënneg wéi Kanner behandelt goufen an hirem Mann ënnergeuerdent waren.

Eréischt 74 koum d'Emanzipatioun an d'Recht zum Beispill en eegene Bankkont ze hunn, 78 dunn d'Recht deels iwwert hire Kierper bestëmmen ze däerfe mam 1. Avortementsgesetz a fir e wierklech e modernt Scheedungsgesetz mat enger gläichberechtegter Partnerschaft, wéi 69 gefuerdert, huet et och nees 50 Joer gebraucht. Bescheiden ass och de politesche Bilan fir dësen Anniversaire: No engem Joerhonnert si grad ee Véierel vun onsen Deputéiert Fraen, wat weist, dass Rechter dem Gesetz no keng Garantie fir Gläichberechtegung an der Praxis sinn.

D'Talkronn am Replay

D'Fraerechter vun 1919 bis haut - dat huet d'Caroline Mart direkt nom Journal mat Frae vun 2 Generatiounen diskutéiert: der fréierer Deputéiert vun déi Gréng Renée Wagener, déi iwwer d'Thema gefuerscht a publizéiert huet, an der Lisa Kersch, Studentin a jonk Kandidatin op der Europalëscht vun der LSAP.

VIDEO: Journal Spezial
Doriwwer huet d'Caroline Mart mat der fréierer Deputéiert vun déi Gréng Renée Wagener an dem Lisa Kersch, Studentin a jonk LSAP-Europa-Kandidatin geschwat.

De Resumé vum Caroline Mart

Invitéeën:

Renée Wagner
Fréier Deputéiert déi Gréng, Sozialwëssenschaftlerin Uni.lu

Lisa Kersch
Studentin, fréier Spriecherin Unel, Kandidatin LSAP fir d'Europawalen

An 2 Deeg ass den internationale Fraendag an engem extra Kontext, well 2019 e ganz speziellen Anniversaire ass fir d'Lëtzebuerger Fraen: 100 Joer allgemengt Walrecht. U sech ass den eigentlechen Datum den 8. Mee 1919, mä natierlech ass d'Thema elo akut fir de Fraendag. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, déi relativ fréi dat Recht agefouert hunn – ons belsch a franséisch Nopere waren do vill méi zéi, a Frankräich huet et bis 1944 gedauert.

Et ass awer net vu Muttwëll, dass d'Renée Wagener hiert Buch iwwert dat allgemengt Walrecht "Wie eine frühreife Frucht" genannt huet, wat am Kader vun enger allgemenger Verfassungsreform quasi mat duerchgerëtscht ass an de Fraen ze soen "an de Schouss gefall" ouni allze groussen Drock oder Manifestatiounen. Lëtzebuerger Sufragetten ewéi an England gouf et keng, wuel awer eng Partie Pionéierinnen, déi awer laang zimlech eleng gekämpft hunn! Et ware Vertrieder vun der sozialistescher, awer och vun der Rietspartei, déi dofir gestëmmt haten 1919, déi Liberal ware komplett dergéint.

Net schlau genuch, ze emotional ...

Et ass net just ëm d'Muecht gaangen, déi d'Männer net deele wollten, mä et gouf och einfach - an dat och nach joerzéngtelaang nom Aféieren vum Fraewalrecht - e Bild vun der Fra an der Famill, dat dem Mann all d'Pouvoire ginn huet an der Fra guer näischt zougetraut huet. Fraen hate laang och keen Accès zu Bildung, déi éischt Kämpf zu Lëtzebuerg waren dann och déi fir besser Bildungschancen an e Meedercherslycée. De Fraen ass an de Chambersdebatten ënnerstallt ginn, net schlau genuch ze sinn, méi kleng Gehirer ze hunn oder ze vill emotional ze sinn, fir dass si iwwer Politik jugéiere kéinten. Bestuete Léierinnen hunn deemools missen ophale mat schaffen, Beamtinnen hunn d'Erlaabnes vum Aarbechtsminister gebraucht fir ze schaffen, de Mann war Chef de Famille an huet iwwert alles decidéiert - Fraen a Kanner am Fong um selwechten juristeschen Niveau: onmëndeg!

Am Interview gëtt deen historesche Moment mat sengen Hannergrënn erkläert a vun zwou Fraen aus zwou verschiddene Generatioune kommentéiert: eng, déi hir parteipolitesch Karriär hannert sech huet, an eng, déi se grad eréischt ufänkt: d'Renée Wagener, fréier Gemengeréitin an Deputéiert fir déi Gréng, déi Sozialwëssenschaftlerin op der Uni.lu war an och iwwer d'Fraewalrecht gefuerscht a publizéiert huet a lo fir d'Chamber als Historikerin schafft an do grad eng grouss Expo iwwert d'Thema virbereet. An d'Lisa Kersch am leschte Joer Politikwëssenschaften op der Uni, fréier Spriecherin vun der Studentenorganisatioun Unel an elo Kandidatin op der LSAP-Lëscht fir d'Europawalen.

Wéi schätze si net just de Kampf vun de Virgängerinnen an? Wéi wäit hunn 100 Joer drop wierklech Fraen déiselwecht Rechter?

Och wann déi 24 Joer al Lisa Kersch mat deene Rechter opgewuess ass, hëlt si se net fir selbstverständlech an ass sech bewosst, wéi haart d'Kämpf waren, dohin ze kommen. Si huet och vun der Gefor geschwat, dass déi Rechter nees a Fro gestallt gi kéinten.

Um Beispill vu béide Frae gesäit ee wuel eng Entwécklung, mä nach ëmmer wier et fir Fraen deels méi schwéier, sief dat am Privatliewen, wou d'Fraen nach méi oft ënnert der Duebelbelaaschtung leiden, sief dat fir sech als Politikerin Geheier ze verschafen. Et "huet een alt selwer gezéckt", esou d'Renée Wagener an et wier een och conditionnéiert, sech manner zouzetrauen als Fra, et héiert een haut nach "sief net esou forsch mat denger Meenung", esou d'Lisa Kersch. "Bleif esou keck an engagéiert, wéi du bass, a gëff net op", war um Enn de Rot vun der fréierer un d'Nowuesspolitikerin, an allebéid ware sech eens, dass et nach e Stéck Wee ass, fir dass net just um Pabeier an dem Gesetz no d'Fraen déiselwecht Rechter an am selwechten Mooss d'Soen hunn.

Bei just engem Véierel Fraen um Krautmaart bleift jo och nach Sputt, 100 Joer nom Aféiere vum Fraewalrecht.

Back to Top
CIM LOGO