"Reclaim the streets"100 Leit bei Manif vu Cyclisten an der Stad

RTL Lëtzebuerg
D’Facebook-Grupp “Siggy the Cyclist” hat um Samschdeg de Mëtten eng “Critical Mass”, dat heescht eng Manif fir Cyclisten an der Stad organiséiert.
"Reclaim the streets"
D’Facebook-Grupp “Siggi the Cyclist” hat um Samschdeg de Mëtten eng “Critical Mass”, dat heescht eng Manif fir Cyclisten an der Stad organiséiert.

Bei dëser weltwäiter Beweegung fueren d’Leit zesumme mam Vëlo duerch d’Stied. D’Leit, déi  matgefuer sinn, hu besser a méi sécher Infrastrukturen fir Cyclisten gefuerdert. Eng ronn 100 Vëlosfuerer ware bei der Manif derbäi.

De Charel Nick fiert dacks mam Vëlo duerch d’Stad. Senger Meenung ass beim Zoustand vun de Vëlosweeër awer nach Loft no uewen.

Ronn 100 Leit ware bei der Manif. Se hunn besser a méi sécher Infrastrukture fir Cycliste gefuerdert. Zum Beispill, datt an der Stad getrennte Vëlosweeër fir Vëlosfuerer an Zukunft gebaut ginn esou ewéi an Holland. D’Leit hunn dann och wësse gedoen, datt Vëlofueren an der Stad geféierlech ass.

D’Kritik gouf et och um Trafic an der Stad, grad ewéi un der Signalisatioun vun de Vëlosweeër. Se wieren schlecht gezeechent. D’Zil war et virun allem, d’Politik nach besser ze sensibiliséieren.

D’Cyclisten hunn awer och ënnerstrach, datt et bis ewell schonn eng Rei Verbesserunge vun den Infrastrukture gëtt. Ënnert anerem wat d’Vëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe ugeet. De Charel Nick hofft an Zukunft, datt nach méi an d’Vëlosweeër investéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO