
Den Depart vum Vol LG 786 war e Samschdeg 19.10 Auer virgesinn. Wéinst engem technesche Problem war dat awer net méiglech.
E Stéck, ouni dat een net fléie kéint, misst ersat ginn, esou de Luxair Generaldirekter Gilles Feith RTL géintiwwer. D’Passagéier wieren an engem Hotel ënnerbruecht ginn.
E Sonndeg den Owend, also mat 24 Stonne Retard, solle si vu Faro heem geflu ginn.