An 30 Gemengen106 Fäll vun organiséierter Heescherei bannent 5 Joer

RTL Lëtzebuerg
Dacks gëtt nëmme vun der Stad Lëtzebuerg geschwat, wann et ëm d'Mendicitéit geet, mee natierlech sinn och aner Gemenge vun deem Phenomen betraff.

Sou goufen et déi lescht 5 Joer genee 106 Fäll vun organiséierter Heescherei, déi d’Police sou an engen 30 Gemengen protokolléiert huet.

An dëser Lëscht ass Esch iwwregens net vertrueden, wuel well et keng Protokoller goufen.

An der Stad waren dat der zum Beispill 10, zu Maacher 6, zu Hesper 11 Fäll an zu Ierpeldeng un der Sauer goufen 9 Protokoller wéinst Mendicitéit geschriwwen.

Protokoller schreiwen, ass dat eent, mee duerno ass et um Parquet, deem eng Suite ze ginn oder net: vun de knapp 110 Protokoller goufen nëmme 6 Dossiere wéinst “mendicité aggravée” opgemaach. Et kéint een awer net vun der Zuel vu Protokoller op d’Dossiere beim Parquet schléissen, soen d’Ministere Margue a Gloden, well an engem Dossier och méi Rapporten a Protokoller kënne mateneen traitéiert ginn.

Eng substantiell Enquête ënnert anerem wéinst Heeschen am Grupp, Vol, Menacen a Bedruch duerch Mannerjäreger gouf iwwerdeem an de Joren 2022-23 duerchgefouert.

All dës Informatioune ginn d’concernéiert CSV-Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

Back to Top
CIM LOGO