Op eise Stroossen11 Blesséierter bei Accidenter um Dënschdeg a Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt ass et op eise Stroosse bannent zwee Deeg zu enger Partie Accidenter mat am Ganzen 11 blesséierte Persoune komm.

Um Dënschdeg

En Dënschdeg den Owend gouf et direkt e puer Virfäll op de Lëtzebuerger Stroossen, wou am Ganze 6 Persoune blesséiert goufen.

Géint 17.30 gouf zu Esch eng Persoun vun engem Auto ugestouss an zu Fëlschdref gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer. A béide Fäll gouf 1 Persoun verwonnt.

Op der A7 a Richtung Norden op der Héicht vu Miersch gouf et géint 17.45 Auer eng Kollisioun tëscht 4 Gefierer. Hei gouf et 2 Blesséierter.

Zu Stroosse gouf da géint 18.35 Auer nach eng weider Persoun ugestouss a géint 19.20 Auer ass zu Uewerpallen en Automobilist mat sengem Won an e Bam gerannt.

Um Mëttwoch

Och am Laf vum Mëttwoch koum et zu e puer Accidenter mat 5 Blesséierter.

Géint 11.40 Auer ass um RN22 tëscht Useldeng a Béiwen-Atert een Auto de Rampli erofgerëtscht. Eng Persoun gouf verwonnt a vun de Rettungsdéngschter vu Réiden an Useldeng versuergt.

Zu Esch an der Rue de l'Arbed beim Rond-point Rammerech ass e Gefier géint 12.15 Auer an en Hindernis gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D'Ambulanz an de CIS vun Esch waren op der Plaz.

Op der A13 tëscht Fréiseng an Helleng krut en Auto dann e Camion ze paken. Direkt dräi Persoune goufe blesséiert. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Beetebuerg, Diddeleng an Uespelt souwéi de Samu.

Back to Top
CIM LOGO