Gewalt am Stot11 Foyere mat 230 Plaze fir betraffe Persounen

RTL Lëtzebuerg
Dat äntweren d'Ministesche Sam Tanson an Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Marc Baum.

Et gëtt zu Lëtzebuerg an 9 Foyeren 218 Plaze fir Fraen, Meedercher a Frae mat Kanner an an zwee Stéck 12 Plaze fir Männer, Jongen a Männer mat Kanner, déi d'Affer vu Gewalt am Stot gi sinn.

Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vun der Justizministesch Sam Tanson an der Ministesch fir d'Gläichheet tëscht Fraen a Männer Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, iwwert d'Gewalt am Stot ervir.

Donieft gëtt et 6 Berodungszentere fir Fraen, Meedercher a Frae mat Kanner, 7 Stéck fir Fraen, Männer, Meedercher a Jongen an ee fir Männer, Jongen a Männer mat Kanner. De Parquet schätzt d'Zuel vun Doudschléi an der Famill iwwregens op zwee pro Joer an.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO